Niewent villen däitschen an hollännesche Gemengen a Stied hunn sech schon iwwer 30 Lëtzebuerger Gemengen dëser Initiativ aus ugeschloss. Bei der Klo selwer kenne formal-juristesch allerdéngs net all d'Gemenge matmaache well soss de Prozess ze komplizéiert géif ginn. Fir der Initiativ vun der Klo ewer trotzdem e ganz klore grenziwwerschreidende Charakter ze ginn a méi e staarkt politesch Signal ze ginn, gouf proposéiert dat sech jeeweils eng Gemeng aus dem südleche Limburg an eng Gemeng aus dem Norde vu Lëtzebuerg sech dëser Klo vun der Städteregioun Oochen sollt mat uschléissen.
Fir Limburg ass et Gemeng Maastricht a fir Lëtzebuerg ass et Gemeng Wooltz!