Baby Flyer

Artikel teilen

D’Jugendhaus Wooltz organiséiert eng Babysitterformatioun an Zesummenaarbecht mat der AFP-Solidarité-Famille Erzéiongs- a Familljeberodung.

Dës Formatioun ass an der Allerhelljenvakanz Freides de 6. November 2015 vun 10:00 – 18:00 Auer am Jugendhaus Wooltz an der Michelshall.

D'Formatioun gëtt op lëtzebuergescher Sprooch ofgehal a kascht 10 € pro Persoun.
Fir un der Formatioun kënnen deelzehuelen, muss ee minimum 15 Joer hunn.

All Jugendlechen ënner 18 Joer muss eng ausgefëllten Autorisation parentale matbréngen, déi dir bei äis am Jugendhaus kritt.

Wann’s du interesséiert bass, da komm dir däin Aschreiwungsformulaire an d’Jugendhaus sichen, 59, rue Michel Thilges, L-9573 Wooltz oder maach eis een Mail. D’Platze si limitéiert.

Jiddereen, deen erfollegräich un dëser Formatioun deelgeholl huet, kann sech dono um Site www.babysitting.lu als Babysitter aschreiwen an kritt och een offiziellen Diplom.

Bei Froen kënn der eis kontaktéieren per Tel. 95 93 27 oder per E-Mail op .