fete-voisins-2022

Artikel teilen

D’Nopeschfest ass eng flott Geleeënheet fir sech ze treffen, mateneen ze schwätzen an sech besser kennen ze léieren.

 

Et wär flott wann op ville Plazen an der Gemeng e puer Leit zesummen d’Initiativ géifen huelen an hir Noperen  op ee gemittlechen Owend invitéieren, bei engem Patt, oder engem klenge Maufel, flotter Musek oder aneren Aktivitéiten, awer virun allem bei gudder Laun.

 

Organiséiert dofir Äert Nopeschfest tëscht dem 20. Mee 2022 an dem 25. September 2022: d’Gemeng Wooltz stellt Iech gratis zur Verfügung:

  • Bänken an Dëscher
  • Barrièren
  • eng Këscht Béier
  • Affichen an Invitatiounskaarten

 

Fir dovunner ze profitéieren, mellt Iech beim Biergeramt vun der Gemeng Wooltz:

 

Grand-Rue 2, L-9530 Wiltz

Tel.: 95 99 39 44 (Martine Duton)

E-Mail:

E-mail: